News :
21.08.2010
Home Cup 2010
Den Home Cup 2010, fänkt ufangs Okotber un an zitt sech iwwer 3 bis 4 Méint. D'Inscriptiounen laafen weiderhin bis den 30. September. Mei Informatiounen zum Ooflaaf an den Umellungen zu desem Turneier fannt dir hei.
01.07.2010
Commission Sportive
Desen Freiden ass um 19h00 zu Schrondweiler eng Commission Sportive. Dei Punkten dei zur Oofstemmung stin sin folgend: Propose1, Propose2.
30.06.2010
Reckblëck ob Saison 2009/2010
Eis eischt Equipe gett Vice-Champion an der National Division hannert dem BF Dreilännereck, an huet fir zweet hannerteneen d'Coupe de Luxembourg gewonn. Eis zweet Equipe gett souverain Champion an der Eire Promotion an konnt donierft och nach d'Coupe de la Fédération gewannen. Eis drett Equipe beleet eng drett Platz an der Division1/Bezirk2. Eis veiert Equipe gett veierten an der Division1/Bezirk1.
All d'Resultater vum Interclub, LM an Ranking Turnoi'en sou wei eng aktualiseiert Ranglescht fannt dir ennert Results.
Dei nei Saison fëngt no der Summerpaus am Sep/Okt un.
14.06.2010
10-Ball LM
Den Bartoccioni Gregory konnt nom Gewenn vum 10-Ball Ranking och LM an deser Discipline gewannen. Hien setzt sech an der Final deitlech mat 7-3 geint den Pereira Hugo durch. Ob Platzen 3 koumen den Zenner Ben an den Ferreira Kevin. Mir gratuleieren dem Kevin fir seng super Leeschtung bei den Herren an soumadd fir seng excellent 3. Platz.
Dei weider Platzeierungen vun eisen Spiller:
25. Steffel Charel an Colapietro Enrico
9. Caputo Claude
5. Da Silva José an Bevilacqua Marco
3. Ferreira Kevin
Dei genee Resultater fannt dir ennert Results.
30.05.2010
Coupe de Letzebuerg&Coupe de la Fédération
Als Titelverdeedeger konnt Angelduerf1 och dest Joer d'Coupe de Letzebuerg mat ob Angelduerf brengen. Eis zweet Equipe dei sech souverain den Championstitel an der Eire Promotioun gesechert huet, krount hier excellent Saison mat dem Gewenn vun der Coupe de la Fédération. Domadder gin dei zwou Coupen dest Joer ob Angelduerf.
Team vun Poolbillard.lu gratuleiert zu den excellenten Leeschtungen vun eisen Equipen, an wenscht zugleich eiser eischter Equipe bonne chance an der Meeschterschaft.
26.04.2010
Ambiance Jardins

Vum 14ten bis den 16ten Mee dreint sech zu Ierpeldeng am Schlasspark rem alles em den Gaart. Genau wei dei Joeren virdrun, ass eisen Club dei drei Deeg iwwer um Site an kemmert sech enner aanerem em den Catering. Mei Informatiounen zum Ambiance Jardins fannt dir hei.
12.04.2010
10-Ball Ranking
Geschter gouf zu Esch am Red Rock Billard Cafe den 10-Ball Ranking Turnoi gespillt. Den Bartoccioni Gregory gewennt an enger spannender final 7-6 geint den Diederich Tim. Ob Platzen 3 koumen den Kieffer Joe an Colapietro Enrico.
Eis Spiller hun folgend Platzen beluecht:
9. Bevilacqua Marco
9. Caputo Claude
3. Colapietro Enrico
Dei genee Resultater fannt dir ennert Results.
04.04.2010
10-Ball Ranking
Den nächsten Sonden gett zu Esch am Red Rock Billard Cafe den 10-Ball Ranking Turnoi gespillt.
Fir Angelduerf spillen mat den : Caputo Claude, Colapietro Enrico, Bevilacqua Marco an Kariger Dany.
Die genau Participatiounslescht fannt dir hei.
Mir wenschen eisen Spiller bonne chance.
02.04.2010
European Championship 2010
D'EM an Zagreb ass eriwer an eis Letzeboier hun folgend Resultater erzielt:
Am 8-Ball: 49. Leisen Steve, 65. Bartoccioni Gregory, Graff Jo an Diederich Tim, den Baum Daniel gett den 97. vun 124 Spiller.
Am 9-Ball: 49. Bartoccioni Gregory an Leisen Steve, 97. gin den Graff Jo, Diederich Tim an Zenner Ben vun 124 Spiller.
Am 10-Ball: 49. Baum Daniel, Leisen Steve, 65. Graff Jo an 97. gett den Bartoccioni Gregory vun 108 Spiller.
Am 14-1: Eng excellent 33. Platz fir den Graff Jo, ob Platz 49 koum den Bartoccioni Gregory an ob d'Platzen 65 koumen den Zenner Ben an Leisen Steve. Um Start waren 85 Spiller.
Ennert Pictures fannt dir och puer Fotoen vun eisen Letzeboier Spiller.
05.03.2010
European Championship 2010
Vum 18-27. März get zu Zagreb an Kroatien d'EM gespillt. Fir Letzebueg sin dest Joer den Graff Jo, Zenner Ben, Leisen Steve, Diederich Tim, Bartoccioni Gregory an den Baum Daniel um Start.
Weider Informatiounen fannt dir hei.
05.03.2010
Interclub
Desen Weekend steet den 9. an 10. Spilldaag an der National Divisioun um Programm. Eis eischt Equipe spillt an hieren zwee Heemmatcher geint den ABC Schrondweiler respektive geint den PBC Echternach.
Nozedroen bleiwen nach d'Resultater vum leschten weekend wou:
Eis 2. Equipe gewennt deitlech mat 7-1 geint den PBC Echternach2. Eis 3.Equipe gewennt 6-2 geint den BC Letzebuerg3. Eis 4. Equipe verleiert 6-2 beim BF Dreilaennereck3.
Dei genee Resultater fannt dir bei der FLAB.
27.01.2010
9-Ball LM
Desen weekend gett zu Esch am Leonardo's d'9-Ball Landesmeeschterschaft gespillt.
Fir Angelduerf werten matspillen den Caputo Claude, Da Silva José, Bevilacqua Marco, Colapietro Enrico, Kariger Dany, Soeiro Mario, Nicolas Joël an den Ferreira Kevin.
Mir wenschen eisen Spiller bonne chance.
23.01.2010
Brunswick Gold Crown V Cup
Ab der nächster Woch start eisen eischten Brunswick Gold Crown V Cup. Dei genee Informatiounen fannt dir ennert der neier Seit Club. Mir wenschen eisen Spiller vill Spaas an bonne chance fir hier Matcher.
19.01.2010
Frendschaftsmatch geint BSC Biberach
Kurz virun Chreschtdaag hun mir mam BSC Biberach aus Deitschland een klengen Frendschaftsturnoi iwwert een ganzen Weekend organiseiert. Dest Joer huet daat ganzt zu Angelduerf stattfonnt, wou mir an enger gudder Athmosphère e puer flott Stonnen zesummen Billard gespillt hun. Een groussen Merci un den BSC Biberach, an mir hoffen dass et dest joer bei hinnen genau sou flott wert gin.
Fir den BSC Biberach hun gespillt: Den Uwe, Holger, Chris, Benny, Raimund an den Guido.
Fir Angelduerf hun gespillt: den José, Serge, Claude, Fränk, Charel an den Marco.
Ennert Pictures fannt dir dann och nach pur Fotoen zu desem Evenement.
08.01.2010
World Team Championship 2010 Hannover

Fir di eischten Keier iwerhapt get dest Joer eng Team Weltmeeschterschaft ausgedroen. Dat ganzt spillt sech vum 30. Januar bis den 7. Februar zu Hannover an Daitschland of. Weltklasse Spiller aus denen verschiddensten Natiounen wärten obeneen faalen an et geet en plus em 400 000 USD Praisgeld. Enner Aanerem mat dobai : Ralf Souquet, Thorsten Hohmann, Oliver Ortmann, Mika Immonen, Johnny Archer, Corey Deuel, Shane Van Boening, Niels Feijen, Dennis Orcullo, Ronnie Alcano, Darren Appleton, Marcus Chamat an esou weider...
Fir desen Event get et warscheinlech och een Livestream
mat dem een all Partie kucken kann an den 14 USD kascht.
Letzebuerg as leider net bei desem Turneier dobai.
Fir weider Infos klickt hei oder ob den Banner fir op di offizielle HP ze kommen.
08.01.2010
Weihnachtsturnier "A.B.C. Schrondweiler"
Wi all Joer huet den ABC Schrondweiler een Chreschtturneier ausgedro. Et waren 12 Leit um Start, schlussendlech koum et zu folgendendem Resultat :
1. Plaaz : Catherine Wirtz
2. Plaaz : Michel Tibesar
3. Plaaz : Jos Wirtz
Den ganzen Tableau get et hei.
18.12.2009
Mir wenschen iersch all schein Feierdeeg an een gudden Rutsch an neit d'Joer!
17.12.2009
8-Ball LM
Een weekend nom 9-Ball Ranking gouf den leschten Sonden zu Esch am Leonardo's d'8-Ball Landesmeeschterschaft gespillt.
Fir Angelduerf waren den Steffen Charel, Coenen Pol, Ferreira Kevin, Nicolas Joël, Kariger Dany, Colapietro Enrico, Bevilacqua Marco, Van Kaufenbergh Serge, Da Silva José an den Caputo Claude um Start. Bis an den Tour final hun et den Enrico, Marco, Serge an Claude gepackt. Leider sin se allenguerten bis ob den Enrico an der Aachtelsfinal elimineiert gin. Den Enrico war dem speideren Gewenner Diederich Tim an der Hallefinal mat 7-3 ennerleen. An der Final huet sech den Diederich Tim geint sein Clubkamerode Zenner Ben mat 7-6 behaapt.
Eis Spiller hun folgend Plaazen errescht:
Charel, Pol an Kevin : 33. Plaaz
Joël an Dany : 25. Plaaz
José : 17. Plaaz
Serge, Marco an Claude : 9. Plaaz
Enrico : 3. Plaaz
Den ganzen Tableau gett et hei.
07.12.2009
Ranking 9-Ball
Den Weekend gouf zu Esch am Leonardo´s den Ranking 9-Ball gespillt.
Fir Angelduerf waren den Dany Kariger, Enrico Colapietro, Marco Bevilaqua, Claude Caputo an Jo Graff um Start. Den Enrico, Claude an de Jo hun et an den Tour final gepackt wou den Enrico geint den Xavier Evrard de Kiirzeren zitt an den Claude an der 1/4-Final geint den Gregory Bartoccioni verleiert.
De Jo gewennt desen Ranking an der Final geint den Greg mat 8-3.
Marco : 33. Plaaz
Dany : 17.
Enrico : 9.
Claude : 5.
Jo : 1.
Den kompletten Tableau get et hei.
07.12.2009
Interclub
Di lescht Wochen goufen nees Interclub Matcher an allen Divisiounen gespillt. Eis Equipen hun folgend Resultater gemeet:
Nationaldivisioun, 5./6. Spilldaag
PBC Echternach - PBC Ingeldorf 0-3 (2-6)
ABC Schrondweiler - PBC Ingeldorf 0-3 (0-8)
Eirenpromotioun, 4./5. Spilldaag
PBC Ingeldorf 2 - PBC Wiltz-Moesdorf 1-1 (4-4)
PBC Athus 2 - PBC Ingeldorf 0-3 (1-7)
1. Divisioun, 1. Distrikt, 5. Spilldaag
BF Dreiännereck 3 - PBC Ingeldorf 4 6-2
1. Divisioun, 2. Distrikt, 5. Spilldaag
PBC Ingeldorf 3 - BC Luxembourg 3 2-6
Detailer gin et wi emmer bei der FLAB.
14.11.2009
Interclub
Angelduerf3 huet haut auswärts geint Woltz/Meisdreff3 gespillt an konnt sech mat emgem kloeren 8-0 durchsetzen. Fir Angelduerf3 hun den Enders Christian, Dillmann Fränk, Morais Carlos an Nicolas Joël gespillt. Den Christian wennt sein Match mat 8-4, den Fränk mat 7-0, den Joël mat 7-2 an den Carlos gewënnt forfait.
Angelduerf4 haat den Metten Ettelbreck3 ob Besuch an dei zwou Equipen trennen sech 4-4. Fir Angelduerf4 hun den Ferreira Kevin, Steffen Charel an Coenen Pol gespillt. Leider huet den Charel sein Match nom Stand 6-5 fir hien mussen obgin well hien huet missen fort soumadder war eng 6-2 Victoire net mei meiglech. Trotzdem hun seng Coequipier'en gewonn an zwar den Kevin 60:40 am 14-1 an den Pol mat 7-2 am 8-Ball.
Muer spillt dann nach Angelduerf2 geint Woltz/Meisdreff2.
09.11.2009
Championnat Individuel 8-Ball Seniors
De Weekend gouf zu Schrondweiler d´8-Ball Landesmeeschterschaft bei den Senioren gespillt. Fir den PBC Angelduerf war den Mario Soeiro um Start.
Schlussendlech huet den Jean Marie Disiviscour ( Schrondweiler) geint den Christian Jungels (Deifferdeng) an der Final gewonnen.
Den Tableau mat den genauen resultater get et hei.
06.11.2009
Predator Ten Ball World Tour 2009 in Anadia (POR)
Haut den owend weisst Eurosport dei zwou Halleffinalen vun den Predator Ten Ball World Tour 2009 aus Portugal. Et spillen um:
18:00 Uhr: Marcus Chamat (SWE) - Niels Feijen (NED)
19:15 Uhr: Imran Majid (GBR) - David Alcaide (ESP)
01.11.2009
Ranking 8-Ball
En Samsden gouf zu Esch am Billard Cafe Leonardo`s den eischten Ranking Turnoi vun der Saison gespillt, Ranking 8-Ball. Vun Angelduerf waren den Soeiro Mario, Bevilacqua Marco, Kariger Dany, Colapietro Enrico an Caputo Claude dabei. Den Mario huet den Tour Final just knapp verpasst an soumadder stoungen 4 Angelduerfer ennert den leschten 16, dei folgend Platzen erzielt hun:
Mario: 17. Plaaz
Dany: 9. Plaaz
Marco: 9. Plaaz
Enrico: 5. Plaaz
Claude: 2. Plaaz
An der Final huet den Claude knapp geint den Joe Kieffer mat 5-7 verluer.
Den genauen Tableau mat all den Resultater fannt dir ennert Results.
28.10.2009
Interclub
Am Equipenchampionnat stungen di lescht Weekender e puer Spilldeeg um Programm.
An der Nationaldivisioun as Angelduerf 1 zwee mol auswärts ugetrueden a gewennt um 3. Spilldaag geint Beringen an och um 4. Spilldaag geint Howald.
An der Eirenpromotioun huet Angelduerf 2 des Saison nach keen Match verluer; um 2. Spilldaag gewannen si kloer geint Echternach 2 an och geint Wiltz-Moesdorf guf et en daitlecht Resultat.
Um 3. Spilldag vun der 1. Divisioun, 1 Bezirk verleiert Angelduerf 4 geint Differdange 2.
Am 2. Bezirk
gewennt Angelduerf 3 kloer geint Heiderscheid.
Di genau Opstellungen an Resultater gin et et ennert Results.
12.10.2009
Championnat Individuel 14-1 Hommes
De Weekend gouf di eischt Landesmeeschterschaft vun der neier Saison gespillt, LM 14-1 Hären.
Vun eisem Club hun den Joël Nicolas, Dany Kariger, Marco Bevilaqua, Enrico Colapietro, Claude Caputo an Jo Graff matgespillt.
Den Enrico, Claude an Jo hun sech fir den Tour final qualifizeiert deen den Sonnden zu Woltz gespilt gouf. Schlussendlech koum et zu folgenden Resulater:
Enrico : 9. Plaaz
Jo : 3. Plaaz
Claude : 2. Plaaz
An der Final huet den Claude leider knapp mat 71-100 geint den Steve Leisen de Kiirzeren gezunn, et huet net vill gefeelt!
Tableau´en gin et hei.
05.10.2009
Update Videos
Ennert Videos gin et nei interessant Matcher & Szenen ze bestaunen!
03.10.2009
Interclub : 2. Spilldag
Desen Weekend stoung den zweeten Spilldaag vun der nach jonker Saison um Programm.
Angelduerf 4 war beim BC Letzebuerg 2 ob Besuch an konnt leider just zu zwee untrieden. Obwuel den Pol an den Kevin keng schlecht Leeschtung bruecht hun, ass et um Enn awer net dur gaang an sou verleieren sie 8-0.
Angelduerf 3
verleiert mat 2-6 geint Dreilännereck2.
Angelduerf 3 : Christian Enders, Joël Nicolas, Fränk Dillmann an Carlos Morais.
Angelduerf 4 : Kevin Ferreira an Pol Coenen.
28.09.2009
Interclub : 1. Spilldag *UPDATE*
Nodems lescht Woch d´Championnat an baal all den Divisiounen ugefang huet gouf desen Weekend den 1. Spilldag an der Nationaldivisioun gespillt.
De Samsden huet Angelduerf 1 geint BC Luxembourg 1 4-4 glaichgespillt.
De Sonnden as dat nemlecht gudd Resultat geint den Champion an Titelfavorit Dräilännereck 1 rausgesprong.
Geint di zwee Geigner wir eng Victoire drangewiecht, zum Schluss huet ni vill gefeelt.
Daat genaut Resultat get et demnächst an engem Update vun den Results.
Angelduerf 1 : Da Silva José, Caputo Claude, Van Kaufenbergh Serge, Graff Jo
Den eischten Spilldag an der Eirenpromotioun an an der 1. Divisioun as gespillt.
Angelduerf 2 gewennt an da Eirenpromotioun mat 6-2 daitlech geint Athus 1.
An der Division 1, 2. District zitt Angelduerf 3 mat 0-8 geint Deifferdeng 1 de Kiirzeren.
Am 1. District vun da 1. Divisioun gewennt Angelduerf 4 souverän 8-0 geint Athus 3.
Di genau Resultater sin enner Results ze fannen.
Angelduerf 2 : Marco Bevilaqua, Enrico Colapietro, Dany Kariger an Fränk Dillmann.
Angelduerf 3 : Joël Nicolas, Navid Saberin, Christian Enders an Carlos Morais.
Angelduerf 4 : Kevin Ferreira, Pol Coenen, Charel Steffen an Jean Colling.
17.09.2009
Euro-Tour / Dynamic Dutch Open

D´Eurotour di vum 17. bis den 19. September zu Weert an Holland gelaaf as gewennt den Oliver Ortmann aus Daitschland. An da Final gewennt hien geint den Imran Majid aus England.
Dat komplett Endresultat get et op http://www.eurotouronline.eu .
13.09.2009
Predator International 10 Ball

Neien Predator 10 Ball Champion ass den David Alcaide aus Spuenien. An der eischter Halleffinal huet den Nils Feijen mat 8-5 geint den Marcus Chamat aus Schweden gewonn. An der aaner Halleffinal stoungen sech Majid an Alcaide geigeniwwer wou den Spuenier mat 8-6 sech sein Ticket fir Final gesechert huet. Do klappt hien den Nils Feijen mat 8-2 an ass domat neien Predator 10 Ball Champion.
13.09.2009
Shanghai Masters (Snooker)

Den Ronnie O'Sullivan gewennt Shanghai Masters an enger interessanter Final geint den jonken Liang Wenbo aus China mat 10-5.
10.09.2009
Predator International 10 Ball
Vum 10. bis den 12. September gin an Portugal Predator International 10 Ball gespillt, wou dem Gewenner 10000€ Preisgeld entgeint wenken. Ener anerem sin den Ralf Souquet, Thorsten Hohmann, Stephan Cohen, Nils Feijen an den Darren Appleton um Start.
Weider Informatiounen, Live Streams an Resultater gin et ob http://www.predator10ball.com
06.09.2009
World Cup of Pool

An deenen zwou Halleffinalen setzt sech Philippines B 9-8 geint China durch an Deitschland gewennt mat 9-6 geint Philippines A. An der Final stoungen sech Deitschland an Philippines B geigeniwwer, wou sech d'Philippinen an enger ganz spannender Final den World Cup of Pool mat enger 11-9 Victoire secheren.
All d'Resultater gin et hei.
05.09.2009
Shanghai Masters (Snooker)

Vum 7. bis den 13. September gett zu Shanghai d'Shanghai Masters gespillt. Et bleiwt oofzewarden ob een vun den etableierten Spiller oder een Außenseiter sech den Titel secheren kann.
Informatiounen an Resultater gin et ennert http://www.worldsnooker.com
05.09.2009
European Championchips Seniors & Ladies
Neien Europameeschter am 8-Ball an 9-Ball bei den Damen as Birgit Reimann. Bei den Senioren ass den Thomas Peeters neien Europameeschter am 8-Ball, den Holger Gries am 9-Ball an den Karl Hanscho am 14-1. Bei den Teams gewennt Deitschland mat 2-1 geint Schweden.
Aus letzeboier Siicht ass des Europameeschterschaft net sou positiv verlaaf. Beschten letzeboier war den Wirtz Jos mat zwee gewonnen Matcher. Den Schroeder Robert an Evrard Xavier hun keng Victoire obweises. Bei den Teams war Letzebuerg geint Finland an Italien mat 3-0 ennerleen.
Dei genee Resultater gin et ob http://www.epconline.eu/
31.08.2009
World Cup of Pool
Vum 1. bis den 6. September get zu Manila op den Philippinen
den World Cup of Pool gespillt.
32 Natiounen trieden an Teams vun 2 geindeneen un. Ener anerem spillen fir Daitschland den Ralf Souquet an den Thorsten Hohmann an fir Philippines B den Francisco Bustamante an den Efren Reyes.
Informatiounen an Resultater gin et hei.
31.08.2009
Predator World Straight Pool Championships
![]()
Neien Weltmeeschter as den Stephan Cohen aus Frankraich.
An da Final gewennt hien 200-181 geint den Mika Immonen aus Finnland.
Link
28.08.2009
European Championchips Seniors & Ladies
Vum 29. August bis den 6. September gin zu Leende an Holland d´Europameeschterschaften bei den Senioren an Ladies gespillt.
Fir Letzebuerg sin um Start den Xavier Evrard, Jos Wirtz an Robert Schroeder. Gespillt get 14-1,8-Ball,9-Ball an och Team.
D´Auslousung an Resultater get et op http://www.epconline.eu/
24.08.2009
Predator World Straight Pool Championships
Vum 24. bis den 29. August leeft an Amerika d´Predator 14-1 Weltmeeschterschaft.
Resultater get et op http://www.insidepoolmag.com
Ausserdem get et een Pay-Per-View iwert den een live kucken kann.
23.08.2009
Eis nei Homepage as online!
21.08.2009
Een Pool Desch vun der Mark Murrey am Online Shop ze verkaafen
21.08.2009
Den Congrès annuel vun der F.L.A.B 2009 ass den 18ten September um 19:30 am Royal Billard Club d'Arlon.
20.08.2009
Den 3ten September um 20:00 ass d'CS Versammlung am Centre Culturel zu Meisdreff.