D'Angelduerfer Jugend:

D'Zukunft vum Angelduerfer Club

    ***DREAM TEAM***

9-BALL Landesmeeschterschaft bei den Schüler

Eis Jugend war desen Weekend gläich zweemol am Asaatz. Um Samschten, war d'Schüler Landesmeeschterschaft an um Sonnden waren d'Junioren un der Rei. Eis Jugend ass an deenen 2 Kategorien ugetrueden.

Bei den Schüler get et eng ganz gudd Nouvel, den FERREIRA Kevin get den 3. an brengt wei d'lescht Joer erem eng Medaille mat Hëem.

Mir GRATULEIEREN ;-)))

Den Kevin sëet: "Übung macht den Meister". :o)))

Ma och den Pol, den Charel an den Jean hun gudd gespillt.

Schüler-LM:

Den Kevin klasseiert sech als 3. hannert dem PEREIRA Hugo an dem WIRTZ Catherine. Den COLLING Jean klasseiert sech als 9., den STEFFEN Charel als 13. an den COENEN Pol als 17.

Junioren-LM:

Den Pol get den excellenten 9. an huet am eischten Tour geint den speideren 5. GUNS Jonas mat 6-1 gewonnen. Am 2. Tour huet den Pol missen geint d'Meyer Rachelle untrieden. Et war gewosst dat et net einfach geif ginn an zum Schluss stoung et 2-6. An der Verleierronn huet den Pol geint den WETZEL Jo missen spillen. Et war spannend an virun allem eng Knapp Affaire. Den Pol verleiert onglecklech 4-5 ma kann awer ganz zefridden sinn mat senger Viirstellung. Den Kevin huet sein eischten Match mat 6-3 geint den WETZEL Jo gewonnen. Am 2. Tour,  geint den TURPEL Marc huet den Kevin och gudd matgespillt an hat beim Stand vun 4-4 souguer d'Geleegenheet an Feierung ze goen. Den Kevin konnt dei Chance net notzen an muss sech zum Schluss mat 4-6 geschloen ginn. Geint Spiller dei baal 5 Joer mei aal sinn kann een och emol verleieren, geduu!  Den Kevin klasseiert sech als 13. an den STEFFEN Charel get den 17. Et hun der 21 matgespillt.

Dei Responsabel vun der Angelduerfer Jugend sinn mei wei zefridden mat den Fortschretter vum Dream-Team an wenschen elo schon Bonne Chance fir dei nächst Turneieren.